Den 08 Juli 2024 haate mir eis Generalversammlung zu Esch-Uelzecht an eisem Fanlokal.

No enger Gedenkminutt fir eis verstuerwen Memberen a Frënn sinn niewend dem Bilan vun der Saison 2023-2024, de Budget an d’Projeten fir d’Saison 2024-2025 virgestallt ginn.

Doniewend sinn zou aussergewéinlech Leeschtungen geeiert ginn!

  • D’BARBAROSSA Aurora krut hier Auszeechnung fir 20 Joer Keesserevisoun. Mir sin dir dankbar fir deng genial Aarbescht déis du all déi Joër fir den Klub gemaach hues!!

  • Den HUBERTY Nico an seng wonnerbar Fra, eist Ria kruten hier Auszeechnung fir 50 Joer Bestiednis. Mir wënschen Iech zwee alles guddes!

Noom offiziellen Deel ass et dunn mam Eierepatt zum Oofschloss komm.

D’Gladbacher Fohlen soen jidderengem Merci fir d’Saison 2023-2024 an mir freeen eis elo schonn op déi nei Saison!