D’Heem vun de Gladbacher Fohlen Lëtzebuerg
D’Fanlokal vun de Gladbacher Fohlen Lëtzebuerg ass méi wéi just e Raum – et ass e Treffpunkt fir all eis Memberen, Frënn a Fussballbegeeschterte.
Hei erliewen mir d’Matcher zesummen, diskutéiere, feiere a schaffe un eiser Gemeinschaft.
📍 Wou fannt Dir eis?
Eist Fanlokal am Häerz vun Esch!
Adress: L-4101 Esch/Uelzecht, 12, Rue de l’Eau
📺 Wat gëtt et?
- Live-Iwwerdroung vun de Bundesliga- & Pokalmatcher vu Borussia Mönchengladbach
- Fan-Atmosphär mat Fändelen, Trikoten a Clubdekor
- Gedrénks a kleng Snacks / Gekachs vum Präsident(ofhängeg vum Event)
⏰ Wéini ass op?
D’Fanlokal ass bei all Match aus der Bundesliga an DFB Pokal op.
(Wann net op ass kréien d’Memberen dëss Infoen matgedeelt!)
💚 Kommt laanscht!
Egal ob ale Member oder nei Interesséierten – jiddereen ass wëllkomm! D’Fanlokal ass e Stéck Borussia-Stëmmung direkt hei zu Lëtzebuerg.
Nëmmen d’Fohlen!




Dës Sait gëtt Iech presentéiert vum DEMY SCHANDELER
