Transfer-News

De Stefan Lainer ass dem neien Trainer Marco Rose, vun Redbull Salzburg op Gladbach nokomm. Mir freeen eis den riets Verteideger an Aktioun ze gesin.

„Transfersomme zirka 12 Milliounen“


 

 


Laut der „l’équipe“ (frankreich) huet Gladbach en weideren Stiermer verpflicht. Heibei soll et sech ëm deen talenteierten Marcus Thuram handelen vum „EA GUINCAMP“. Den Marcus Thuram ass de Jong vum franséichen Rekord-Nationalspiller Lilian Thuram. Bis ewell wollt den Gladbacher Sportdirekter den Max Eberl, dësen Transfer net bestätegen. Et bleiwt also oofzewaarden.

 

 

 


Mam Breel Donald Embolo huet Gladbach en ambitioneierten jonken Stiermer verpflicht, deen bis elo leider oft vum Verletzungspech verfollegt war. Mir wënschen him bonne chance, dass en sech zu Gladbach weisen kann an freeen eis, hien um Terrain ze gesin.

„Transfersomme zirka 10 Milliounen + suppl.“

 


Als Ersatz fir den Moritz Nicolas war io schon am viraus den Max Grün genannt gin. 

 


Eisen drëtten Goalkeeper den Moritz Nicolas gëtt op d’Union Berlin verléint. Mir wënschen him vill Erfolleg an freeën eis wann en erem kënnt.

 


Mam Josip Drmic gët net zu Gladbach verlängert. Hien verleisst den Club. Mir soen him merci fir sain engagement an wënschen him alles guddes fir Zukunft. 

„Oofléisfrai“

 

 


Den Thorgan Hazard wiesselt bei den BVB. Mir soen him merci fir alles waat hien geleecht huet an wënschen him alles guddes fir Zukunft!

„Transfersomme: 25,5 Milliounen + suppl.“